An eisem Walprogramm hate mir versprach, d'Bierger aktiv an d'Gestaltung vun eiser Gemeng anzebannen. Als CSV Gemeng Fréiseng hu mir dofir d'Initiativ Budget Participatif iwwer de Wee vun enger Motioun am Gemengerot an d'Weeër geleet. Dobäi erauskomm sinn eng Hellewull un innovative Projete fir eis Dierfer.
Vill vun den Iddien a Propositiounen, déi vun Iech, den Awunner, agereecht goufen, decke sech mat Punkten, fir déi mir eis schonn an eisem Walprogramm staark gemaach hunn, wéi beispillsweis d'Liewensqualitéit an eisen Dierfer.
De Budget Participatif ass de beschte Beweis dofir, datt Politik am beschte funktionéiert, wa Gemeng an Awunner Hand an Hand schaffen. Mir wëllen eis ganz häerzlech bei jiddwerengem bedanken, deen eng Iddi agereecht, diskutéiert oder matgestëmmt huet.
Är Iddie si fir eis eng Bestätegung an eng Aluedung, fir de Wee vun der Biergerbedeelegung konsequent weiderzegoen. Als CSV Gemeng Fréiseng bleiwe mir fir Iech um Ball – fir datt Fréiseng eng Gemeng bleift, an där ee gäre lieft!