Säit dem Ofschloss vun de Renovéierungsaarbechten an den Annexë vum Schlass hu mer elo zu Uespelt e weidere Sall fir kulturell Zwecker. Hei fannen ewell méi oder manner reegelméisseg kulturell Manifestatioune wéi Concerten, Theateropféierungen oder Liesunge statt. Leider gëtt de Public dacks eréischt kuerz virdrun doriwwer informéiert.
D‘CSV Gemeng Fréiseng fuerdert scho säit Joren d’Astelle vun enger Kulturbeoptraagt oder engem Kulturbeoptraagten, déi oder deen, zesumme mat de Veräiner an der Kulturkommissioun, e globaalt Konzept an e järleche Programm fir de Site vum Uespelter Schlass ausschafft. Dëse Programm sollt idealerweis zwee Mol am Joer erauskommen, sou dass déi interesséiert Awunner Bescheed wëssen, wat an deene sechs nächste Méint u kulturell Aktivitéiten geplangt ass.