Mir stellen eis vir

← Aktualitéit

Hannert de Positiounen vun eise Vertrieder am Gemengerot, steet eng Ekipp vun engagéierte Leit, déi hirer Gemeng verbonnen an dovun iwwerzeegt ass, datt eng méi biergerno Politik méiglech ass. Dës Ekipp ass de Comité vun der CSV Gemeng Fréiseng.

De Comité vun der CSV Gemeng Fréiseng
v.l.n.r.: Othello Pescarolo, Michel Weimerskirch, Chiara Rodrigues, Norry Dondelinger, Marc Jacoby, Steven Lentz, Karin Kalmes, Claude Courtois, Pascale Schuman, Luc Meyer

De Comité kënnt virun all Sëtzung vum Gemengerot zesummen, fir den Ordre du jour duerchzegoen. D’Punkte ginn erkläert an diskutéiert, an d'Positiounen déi sollen ageholl ginn, gi gemeinsam beschloss. Déi ginn da vun eisen zwee Gemengeconseillere kompetent am Gemengerot vertrueden.

An all de Gemengekommissioune si Membere vun eisem Comité vertrueden a mir beschwätzen, wéi mir ons Iddien am Sënn vun de Biergerinnen a Bierger kënnen abréngen. De Comité setzt sech weider mat Engagement, Verantwortung an Nolauschtere fir d’Interesse vun der Gemeng an hire Bierger an.