D’CSV Gemeng Fréiseng huet an der Gemengerotssëtzung eng Motioun abruecht, fir an Zukunft bei gréisseren Informatiounsversammlungen an eiser Gemeng eng simultan Iwwersetzung op mannst op Franséisch unzebidden. Dëst soll et de Matbierger, déi d’Lëtzebuerger Sprooch (nach) net genuch beherrschen, erlabe fir bei technesch komplexen oder administrative Präsentatiounen am Detail nozekommen.
Hannergrond war déi rezent Informatiounsversammlung iwwer de Parking résidentiel, wou d'Presentatioun op Lëtzebuergesch war, obwuel d'Invitatioun op Franséisch verschéckt gouf. Dëst huet bei verschiddenen Awunner fir Verwirrung gesuergt.
Och huet d’Motioun gefuerdert fir op allen zukünftegen Invitatioune kloer unzeginn, a wéi enger Sprooch se stattfënnt an ob en Iwwersetzungsservice zur Verfügung steet.
D’Motioun gouf unanime vum Gemengerot ugeholl.