D’Gemeng Fréiseng ass duerch hir Lag an der Grenzregioun an duerch déi relativ gutt Ubannung vu Fréiseng an Uespelt un den ëffentlechen Transport ëmmer méi zu engem PR op der ëffentlecher Strooss ginn.
Dofir huet d’Gemeng Fréiseng schonn am Januar 2011 de Parking résidentiel am Kär vu Fréiseng agefouert. Dëst huet de Problem awer just deelweis geléist.
No e puer Interventiounen am Gemengerot vun der CSV bezüglech dëser Problematik ass doriwwer diskutéiert ginn, dass de Problem sech och zu Uespelt an zu Helleng ëmmer méi zouspëtzt. Dëst ass bedéngt duerch Leit, déi de Bus huelen an hiren Auto de ganzen Dag ofstellen oder duerch Firmen, déi den ëffentleche Raum als Parking fir hire Fuerpark gesinn.
Dofir begréisst d'CSV et, dass de Parking résidentiel elo an der ganzer Gemeng als Secteur unique agefouert gëtt. Als CSV hätte mer et allerdéngs begréisst, wann d’Mëttesstonn och riichtduerch ofgedeckt wier. Doduerch géif en einfacht Réckele vum Disk net méi duergoen. Dem Schäfferot säi Porte-parole huet eis awer versprach, dass eis Agents municipaux dat géifen akribesch kontrolléieren.